Energieauer: D’Energie zu Lëtzebuerg am Iwwerbléck
Entdeckt déi iwwersichtlech Plattform vu Klima-Agence an vum Wirtschaftsministère, fir d’Entwécklung vun der Energiesituatioun zu Lëtzebuerg ze verstoen. Si weist Iech déi wichtegst Indicateure vum nationalen Energie- a Klimaplang (PNEC), fir d’Energietransitioun zu Lëtzebuerg aktiv virun ze dreiwen.
Stroum
Nettoverbrauch an -import vu Stroum
Den ugewisene Verbrauch entsprécht dem Stroumverbrauch am Netz vu GRT Creos a SOTEL. Heibäi gëtt d’Autoconsommatioun net berücksichtegt. Den Nettostroumimport steet fir d’Differenz tëscht dem importéierten an dem exportéierte Stroum vun engem Land oder enger Regioun an engem bestëmmten Zäitraum. Wann e Land méi importéiert wéi exportéiert, huet et e positiven Nettoimport. D’Donnéeë komme vun der Transparency Platform vun ENTSO-E.
PNEC-Zil 2030
De PNEC 2030 huet d‘Zil, datt bis 2030 39,1 % vum endgültege Stroumverbrauch zu Lëtzebuerg duerch am Land produzéierte Stroum aus erneierbaren Energien gedeckt ginn.
Verbrauch
Undeel vum nationale Verbrauch,
de vun der Produktioun ofgedeckt gëtt
National Produktioun
-
Erneierbar27.3 %
-
Net erneierbar3.4 %
Import
-
Däitschland47.8 %
-
Belsch6.6 %
-
Frankräich16.7 %
*N/A: Net kommunizéiert
D’Regierung huet sechs Beräicher definéiert, fir déi konkret Ziler zur Reduktioun vun den Zäregasemissioune festzehalen:
a. Wunn- an Déngschtleeschtungsgebaier
b. Transport
c. Energie- a Veraarbechtungsindustrie, Bausecteur
d. Landwirtschaft a Fierschterei,
e. Offall- an Ofwaassertraitement
f. UTCATF (Utilisation des terres, du changement d’affectation des terres et de la foresterie – Landbenotzung, Flächebenotzungsännerung a Fierschterei)
Weider Informatiounen fannt dir am Plan national intégré en matière d’énergie et de climat du Luxembourg pour la période 2021 – 2030 (Pdf, 8,37 Mo) (op Franséisch)
Lëtzebuerg ënnerstëtzt d’Produktioun vun erneierbarem Stroum besonnesch iwwer Appel-à-projets, finanziell Bäihëllefen fir d’Investitioun oder de Betrib (Injektiounstariffer), zougänglech souwuel fir Privatleit wéi och fir Entreprisen.
Nee, och wann de gréissten Deel vun der Produktioun an d’Netz agespeist gëtt, ginn ëmmer méi Anlagen fir den Eegeverbrauch oder d’Stroumdeele bedriwwen.