Energieauer: D’Energie zu Lëtzebuerg am Iwwerbléck
Entdeckt déi iwwersichtlech Plattform vu Klima-Agence an vum Wirtschaftsministère, fir d’Entwécklung vun der Energiesituatioun zu Lëtzebuerg ze verstoen. Si weist Iech déi wichtegst Indicateure vum nationalen Energie- a Klimaplang (PNEC), fir d’Energietransitioun zu Lëtzebuerg aktiv virun ze dreiwen.
Stroum
Nettoverbrauch an -import vu Stroum
Den ugewisene Verbrauch entsprécht dem Stroumverbrauch am Netz vu GRT Creos a SOTEL. Heibäi gëtt d’Autoconsommatioun net berücksichtegt. Den Nettostroumimport steet fir d’Differenz tëscht dem importéierten an dem exportéierte Stroum vun engem Land oder enger Regioun an engem bestëmmten Zäitraum. Wann e Land méi importéiert wéi exportéiert, huet et e positiven Nettoimport. D’Donnéeë komme vun der Transparency Platform vun ENTSO-E.
PNEC-Zil 2030
De PNEC 2030 huet d‘Zil, datt bis 2030 39,1 % vum endgültege Stroumverbrauch zu Lëtzebuerg duerch am Land produzéierte Stroum aus erneierbaren Energien gedeckt ginn.
Verbrauch
Undeel vum nationale Verbrauch,
de vun der Produktioun ofgedeckt gëtt
National Produktioun
-
Erneierbar8.6 %
-
Net erneierbar0 %
Import
-
Däitschland56.1 %
-
Belsch17.6 %
-
Frankräich15.1 %
An d'Netz agespeiste Stroumproduktioun
Usiicht vun den Undeeler vun de verschiddenen Energiequellen un der an d’Netz agespeiste Stroumproduktioun zu Lëtzbuerg. Den Import an Export, esou wéi déi autoconsomméiert Produktioun ginn heibäi net berücksichtegt. D’Donnéeë komme vun der Transparency Platform vun ENTSO-E.
PNEC-Zil 2030
De PNEC 2030 huet d’Zil, datt d‘national Stroumproduktioun aus erneierbaren Energie bis 2030 3032 GWh erreecht.
dovun erneierbar Energie
Opgedeelt op d’Energiequellen
-
Biomass a Biogas
Stroumproduktioun aus Biomass- a Biogasanlagen
100% -
Äerdgas
Stroumproduktioun aus der Cogénératioun
0% -
Waasserkraaft
Stroumproduktioun aus Waasserkraaftwierker
0% -
Photovoltaik
Stroumproduktioun vu klénge Solaranlagen op Diecher bis zu Groussinstallatiounen.
0% -
Wandkraaft
Stroumproduktioun duerch Wandenergieanlagen
0% -
Offall
Stroumproduktioun aus der Offallverbrennung, dovu 50% aus erneierbarem Offall.
0%
Ausbau vun der Photovoltaik
D’Joreszil gouf aus der aktualiséierter Versioun vum PNEC geholl. Déi installéiert Kapazitéit ass déi järlech Gesamtleeschtung vun alle Photovoltaikanlagen, déi zu Lëtzebuerg installéiert goufen. Dës Kapazitéit stellt déi maximal Stroumleeschtung duer, déi dës Anlagen ënnert optimale Sonneliichtbedingunge produzéiere kënnen, ouni Faktoren ze berécksiichtegen, déi déi deeglech Stroumproduktioun beaflosse kënnen, wéi d’Wieder oder Joreszäiten. Déi installéiert Kapazitéit gëtt eemol de Mount iwwert de “Registre national des centrales de production d’énergie” aktualiséiert.
PNEC-Zil 2030
De PNEC 2030 huet d’Zil, bis 2030 eng total installéiert Solarkapazitéit vun 1.236 MW z’erreechen. D’Entwécklung baséiert op der gesamter installéierter Kapazitéit vum aktuelle Joer, déi all Mount aktualiséiert gëtt.
Installéiert Kapazitéit
-
+146,57 MWsäit 2025
-
+156,00 MWam Joer 2024
Gesamtkapazitéit
Unzuel un Anlagen
Ausbau vun der Wandkraaft
D’Joreszil gouf aus der aktualiséierter Versioun vum PNEC geholl. Déi installéiert Kapazitéit ass déi järlech Gesamtleeschtung vun alle Wandenergieanlagen, déi zu Lëtzebuerg installéiert goufen. Dës Kapazitéit stellt déi maximal Stroumleeschtung duer, déi all dës Wandenergieanlagen ënnert ideale Wandbedingunge produzéiere kënnen. Déi installéiert Kapazitéit gëtt all Trimester iwwert de “Registre national des centrales de production d’énergie” aktualiséiert.
PNEC-Zil 2030
D’Zil vum PNEC 2030 fir den Ausbau vun der Wandkraaft ass, bis 2030 eng total installéiert Kapazitéit vu 453 MW pro Joer z’erreechen. D’Entwécklung baséiert op der gesamter installéierter Kapazitéit vum aktuelle Joer, déi all Trimester aktualiséiert gëtt.
Prognos vun der nationaler Stroumbelaaschtung
De StroumMonitor ass e Stroumbarometer, deen déi aktuell Situatioun am Beräich vun der Stroumversuergung zu Lëtzebuerg weist. Den Netzwierkbedreiwer Creos Luxembourg S.A. gëtt de Konsumente präzis Informatiounen, wéi se hire Verbrauch upasse kënnen an esou eng sécher Stroumversuergung fir jidderee garantéiere kënnen.
| Spëtzenzäiten | |
|---|---|
|
04.12.2025
Stroumnetz am Gläichgewiicht ( Et soll een sech awer sengem Stroumverbrauch bewosst sinn. ) |
08-12h |
|
05.12.2025
Stroumnetz am Gläichgewiicht ( Et soll een sech awer sengem Stroumverbrauch bewosst sinn. ) |
11-13h 17-19h |
|
Haut
Stroumnetz am Gläichgewiicht ( Et soll een sech awer sengem Stroumverbrauch bewosst sinn. ) |
- |
-
Stroumnetz am Gläichgewiicht
Et soll een sech awer sengem Stroumverbrauch bewosst sinn.
-
Ugespaannt Stroumnetz
Et soll ee probéieren, säi Verbrauch ze reduzéieren.
-
Staark ugespaannt Stroumnetz
Et soll ee säi Verbrauch aschränken, fir Stroumausfäll ze vermeiden.
Elektromobilitéit
D’Zuel vun den ëffentlech zougängleche Luedpunkter an déi gesamt installéiert Stroumleeschtung zu Lëtzebuerg. Déi gesamt installéiert Stroumleeschtung ass d’Gesamtkapazitéit vun der Stroumversuergung vun alle Luedpunkter fir Elektrogefierer zu Lëtzebuerg. D’Donnéeë komme vum Observatoire digital de la mobilité.
Gesamtunzuel vun de Luedpunkter zu Lëtzebuerg
Gesamtstroumleeschtung
Gas
Verbrauch an Import vun Äerdgas
De Verbrauch an den Import vun Äerdgas pro Mount. Well zu Lëtzebuerg keen Äerdgas gefërdert gëtt an d’Biogasproduktioun zimmlech geréng ass, entsprécht den Import vun Äerdgas am Wesentlechen dem nationale Gasverbrauch. D’Donnéeë komme vum Netzwierkbedreiwer (Creos)
PNEC-Zil 2030
D’Zil vum PNEC 2030 fir Äerdgas ass, de Gesamtverbrauch bis 2030 op op d‘mannst 4902 GWh ze reduzéieren. De Fortschrëtt hei gëtt op Basis vum Gesamtverbrauch vum leschte Joer berechent.
Verbrauch
Import
Belsch
-
Importpunkt :
Norden518 GWh -
Importpunkt :
Süden36 GWh
Import
Däitschland
Osten
Aspeisung vu Biogas
D’Aspeisung vu Biogas an d’Gasnetz duerch déi dräi Biogasproduzenten an de Gemengen Esch-Uelzecht, Hesper a Kielen pro Trimester.
PNEC-Zil 2030
D’Zil vum PNEC 2030 fir d’Biogasproduktioun ass, bis 2030 d’Aspeisung vu Biogas an d’Gasnetz op 93 GWh ze erhéijen.
| September 2025 |
3,57 GWh
|
|---|---|
| August 2025 |
3,69 GWh
|
| July 2025 |
4,18 GWh
|
*N/A: Net kommunizéiert
D’Regierung huet sechs Beräicher definéiert, fir déi konkret Ziler zur Reduktioun vun den Zäregasemissioune festzehalen:
a. Wunn- an Déngschtleeschtungsgebaier
b. Transport
c. Energie- a Veraarbechtungsindustrie, Bausecteur
d. Landwirtschaft a Fierschterei,
e. Offall- an Ofwaassertraitement
f. UTCATF (Utilisation des terres, du changement d’affectation des terres et de la foresterie – Landbenotzung, Flächebenotzungsännerung a Fierschterei)
Weider Informatiounen fannt dir am Plan national intégré en matière d’énergie et de climat du Luxembourg pour la période 2021 – 2030 (Pdf, 8,37 Mo) (op Franséisch)
Lëtzebuerg ënnerstëtzt d’Produktioun vun erneierbarem Stroum besonnesch iwwer Appel-à-projets, finanziell Bäihëllefen fir d’Investitioun oder de Betrib (Injektiounstariffer), zougänglech souwuel fir Privatleit wéi och fir Entreprisen.
Nee, och wann de gréissten Deel vun der Produktioun an d’Netz agespeist gëtt, ginn ëmmer méi Anlagen fir den Eegeverbrauch oder d’Stroumdeele bedriwwen.
Weider Informatiounen iwwer Solarenergie fannt Dir op https://klima-agence.lu/de/solarstrom
* Stroumsystem am Gläichgewiicht (gréng): gutt Balance tëscht Verbrauch a Produktioun – Mir solle awer bewosst sinn iwwert eise Verbrauch.
* Ugespaant Stroumnetz (orange): niddereg Reserven, Virsiicht néideg – Mir probéieren eise Verbrauch ze reduzéieren.
* Staark ugespaant Stroumnetz (rout): Risiko vu Stroumausfäll, Verbrauch muss miniméiert ginn – Mir reduzéieren eise Verbrauch, fir Ausfäll ze vermeiden.”
Jo, bis 2030 wëll Lëtzebuerg erreechen, datt 49 % vum nationale Fuerpark elektresch oder Plug-in-Hybride sinn.
Dat ass déi gesamt Leeschtung vun allen ëffentlechen Luedstatiounen, déi zu Lëtzebuerg installéiert sinn.
Weider Informatiounen iwwer Elektromobilitéit fannt Dir op https://klima-agence.lu/de/oekomobilitaet
Méi Informatioune fannt Dir am Dokument “Nationale Strategie für den Ausbau der Biogasproduktion in Luxemburg” (op Däitsch)