Energieauer: D’Energie zu Lëtzebuerg am Iwwerbléck
Entdeckt déi iwwersichtlech Plattform vu Klima-Agence an vum Wirtschaftsministère, fir d’Entwécklung vun der Energiesituatioun zu Lëtzebuerg ze verstoen. Si weist Iech déi wichtegst Indicateure vum nationalen Energie- a Klimaplang (PNEC), fir d’Energietransitioun zu Lëtzebuerg aktiv virun ze dreiwen.
Stroum
An d'Netz agespeiste Stroumproduktioun
Usiicht vun den Undeeler vun de verschiddenen Energiequellen un der an d’Netz agespeiste Stroumproduktioun zu Lëtzbuerg. Den Import an Export, esou wéi déi autoconsomméiert Produktioun ginn heibäi net berücksichtegt. D’Donnéeë komme vun der Transparency Platform vun ENTSO-E.
dovun erneierbar Energie
Opgedeelt op d’Energiequellen
-
Photovoltaik
Stroumproduktioun vu klénge Solaranlagen op Diecher bis zu Groussinstallatiounen.
45% -
Wandkraaft
Stroumproduktioun duerch Wandenergieanlagen
39% -
Offall
Stroumproduktioun aus der Offallverbrennung, dovu 50% aus erneierbarem Offall.
6% -
Biomass a Biogas
Stroumproduktioun aus Biomass- a Biogasanlagen
5% -
Äerdgas
Stroumproduktioun aus der Cogénératioun
3% -
Waasserkraaft
Stroumproduktioun aus Waasserkraaftwierker
2%