Energieauer: D’Energie zu Lëtzebuerg am Iwwerbléck

Entdeckt déi iwwersichtlech Plattform vu Klima-Agence an vum Wirtschaftsministère, fir d’Entwécklung vun der Energiesituatioun zu Lëtzebuerg ze verstoen. Si weist Iech déi wichtegst Indicateure vum nationalen Energie- a Klimaplang (PNEC), fir d’Energietransitioun zu Lëtzebuerg aktiv virun ze dreiwen.

Stroum

Nettoverbrauch an -import vu Stroum (am Netz vum GRT Creos)

Den ugewisene Verbrauch entsprécht dem Stroumverbrauch am Netz vu GRT Creos. Heibäi gëtt d’Autoconsommatioun net berücksichtegt. Den Nettostroumimport steet fir d’Differenz tëscht dem importéierten an dem exportéierte Stroum vun engem Land oder enger Regioun an engem bestëmmten Zäitraum. Wann e Land méi importéiert wéi exportéiert, huet et e positiven Nettoimport. D’Donnéeë komme vun der Transparency Platform vun ENTSO-E.

Verbrauch

10,55 GWh
01.06.2025

vun erneierbarer Energieproduktioun ofgedeckt

36 %

Undeel um Verbrauch, deen iwwert déi national Produktioun ofgedeckt gëtt

39,43 %

Import
Belsch

38,67 %

Import
Däitschland

23,03 %

An d'Netz agespeiste Stroumproduktioun

Usiicht vun den Undeeler vun de verschiddenen Energiequellen un der an d’Netz agespeiste Stroumproduktioun zu Lëtzbuerg. Den Import an Export, esou wéi déi autoconsomméiert Produktioun ginn heibäi net berücksichtegt. D’Donnéeë komme vun der Transparency Platform vun ENTSO-E.

4,16 GWh
01.06.2025

dovun erneierbar Energie

92%

Opgedeelt op d’Energiequellen

  • Photovoltaik

    Stroumproduktioun vu klénge Solaranlagen op Diecher bis zu Groussinstallatiounen.

    34%
  • Biomass a Biogas

    Stroumproduktioun aus Biomass- a Biogasanlagen

    29%
  • Wandkraaft

    Stroumproduktioun duerch Wandenergieanlagen

    26%
  • Offall

    Stroumproduktioun aus der Offallverbrennung, dovu 50% aus erneierbarem Offall.

    6%
  • Waasserkraaft

    Stroumproduktioun aus Waasserkraaftwierker

    3%
  • Äerdgas

    Stroumproduktioun aus der Cogénératioun

    2%

Ausbau vun der Photovoltaik

D’Joreszil gouf aus der aktualiséierter Versioun vum PNEC geholl. Déi installéiert Kapazitéit ass déi järlech Gesamtleeschtung vun alle Photovoltaikanlagen, déi zu Lëtzebuerg installéiert goufen. Dës Kapazitéit stellt déi maximal Stroumleeschtung duer, déi dës Anlagen ënnert optimale Sonneliichtbedingunge produzéiere kënnen, ouni Faktoren ze berécksiichtegen, déi déi deeglech Stroumproduktioun beaflosse kënnen, wéi d’Wieder oder Joreszäiten. Déi installéiert Kapazitéit gëtt eemol de Mount iwwert de “Registre national des centrales de production d’énergie”  aktualiséiert.

 

 

Installéiert Kapazitéit

  • +42,72 MW
    säit 2025
  • +153,77 MW
    am Joer 2024

Gesamtkapazitéit

590,49 MW

PNEC-Zil 2030

1236 MW

Ausbau vun der Wandkraaft

D’Joreszil gouf aus der aktualiséierter Versioun vum PNEC geholl. Déi installéiert Kapazitéit ass déi järlech Gesamtleeschtung vun alle Wandenergieanlagen, déi zu Lëtzebuerg installéiert goufen. Dës Kapazitéit stellt déi maximal Stroumleeschtung duer, déi all dës Wandenergieanlagen ënnert ideale Wandbedingunge produzéiere kënnen. Déi installéiert Kapazitéit gëtt all Trimester iwwert de “Registre national des centrales de production d’énergie”  aktualiséiert.

Installéiert Kapazitéit

  • +0,05 MW
    säit 2025
  • +5,75 MW
    am Joer 2024

Gesamtkapazitéit

213,74 MW

PNEC-Zil 2030

453 MW

Prognos vun der nationaler Stroumbelaaschtung

De StroumMonitor ass e Stroumbarometer, deen déi aktuell Situatioun am Beräich vun der Stroumversuergung zu Lëtzebuerg weist. Den Netzwierkbedreiwer Creos Luxembourg S.A. gëtt de Konsumente präzis Informatiounen, wéi se hire Verbrauch upasse kënnen an esou eng sécher Stroumversuergung fir jidderee garantéiere kënnen.

Spëtzenzäiten
Haut Stroumnetz am Gläichgewiicht (

Et soll een sech awer sengem Stroumverbrauch bewosst sinn.

)
08-09h 20-23h
Muer Stroumnetz am Gläichgewiicht (

Et soll een sech awer sengem Stroumverbrauch bewosst sinn.

)
11-13h 17-19h
04.06.2025 Stroumnetz am Gläichgewiicht (

Et soll een sech awer sengem Stroumverbrauch bewosst sinn.

)
11-13h 17-19h
  • Stroumnetz am Gläichgewiicht

    Et soll een sech awer sengem Stroumverbrauch bewosst sinn.

  • Ugespaannt Stroumnetz

    Et soll ee probéieren, säi Verbrauch ze reduzéieren.

  • Staark ugespaannt Stroumnetz

    Et soll ee säi Verbrauch aschränken, fir Stroumausfäll ze vermeiden.

Elektromobilitéit

D’Zuel vun den ëffentlech zougängleche Luedpunkter an déi gesamt installéiert Stroumleeschtung zu Lëtzebuerg. Déi gesamt installéiert Stroumleeschtung ass d’Gesamtkapazitéit vun der Stroumversuergung vun alle Luedpunkter fir Elektrogefierer zu Lëtzebuerg. D’Donnéeë komme vum Observatoire digital de la mobilité.

Gesamtunzuel vun de Luedpunkter zu Lëtzebuerg

2172

Gesamtstroumleeschtung

89 MW

Gas


Warning: Undefined array key 2025 in /var/www/vhosts/energieauer.lu/httpdocs/wp-content/themes/energieauer/template-parts/indicateurs/ind07.php on line 28

Warning: Trying to access array offset on value of type null in /var/www/vhosts/energieauer.lu/httpdocs/wp-content/themes/energieauer/template-parts/indicateurs/ind07.php on line 28

Verbrauch an Import vun Äerdgas

De Verbrauch an den Import vun Äerdgas pro Mount. Well zu Lëtzebuerg keen Äerdgas gefërdert gëtt an d’Biogasproduktioun zimmlech geréng ass, entsprécht den Import vun Äerdgas am Wesentlechen dem nationale Gasverbrauch. D’Donnéeë komme vum Netzwierkbedreiwer (Creos)

Verbrauch

414 GWh

Import
Belsch

  • Importpunkt :
    Norden
    403 GWh
  • Importpunkt :
    Süden
    11 GWh

Import
Däitschland

Importpunkt :
Osten
0 GWh

Produktioun vu Biogas

D’Aspeisung vu Biogas an d’Gasnetz duerch déi dräi Biogasproduzenten an de Gemengen Esch-Uelzecht, Hesper a Kielen pro Trimester.

Mäerz 2025
3,38 GWh
Februar 2025
3,12 GWh
January 2025
3,77 GWh

*N/A: Net kommunizéiert

Disclaimer: Déi verëffentlecht Donnéeë si just réng informativ. Déi definitiv national Donnéeë vum Stroum a vum Äerdgas ginn all Joer vum ILR publizéiert. Déi affichéiert a gerechentt Donnéeë bezeie sech op verfügbar Donnéeën.